Präisiwwerreechung – Mir si grouss, mir ginn zu Fouss

D’Aktioun „Mir si grouss, mir ginn zu Fouss“ am Kader vun der Mobilitéitswoch ass ofgeschloss, an d’Gemeng Schëffleng seet de Kanner e grousse Merci fir hiert Engagement an d’Participatioun mat hirer Klass. Duerch hiren Asaz hunn d’Klasse vun de Madammen Anne Dostert (Lydie Schmit), Rita Rischette (Albert Wingert) a Lynn Wagner (Nelly Stein) Entréeë fir an de Kino gewonnen, wat eng flott Belounung fir hir Efforten ass.


D’Initiativ hat zum Zil, d’Kanner ze motivéieren, méi zu Fouss oder op eng aner ëmweltfrëndlech Aart an d’Schoul ze kommen, an domat fir méi Sécherheet virun de Schoulen ze suergen. Mir freeën eis, datt esou vill Kanner matgemaach hunn, a soen hinnen nach eng Kéier villmools Merci.