150 Joer Gemeng Schëffleng

Gëschter, de 6. Juli 2026, huet d’Gemeng Schëffleng seng 150 Joer gefeiert – e symbolkräftegen Datum, mat deem e ganzt Jubiläumsjoer ageleet gëtt. Dëse besonnesche Gebuertsdag huet eng wonnerbar Geleeënheet gebueden, fir zesummen op 150 Joer Onofhängegkeet zeréckzekucken an dëst bedeitend Kapitel vun eiser Gemengengeschicht ze feieren.


De Carlo Feiereisen, Buergermeeschter vu Schëffleng, huet d’Evenement lancéiert. Uschléissend hunn de Paul Weimerskirch, Éierebuergermeeschter, de Jérôme Courtoy, Historiker, an den Inneminister Léon Gloden d’Wuert ergraff. Moderéiert gouf dat ganzt Evenement vum Kany Touré an den Andrea Galletti huet mat senger Stëmm a Gittar fir eng gefillsvoll musikalesch Begleedung gesuergt. Den DJ Sanchez huet den Owend mat beschter Musek a gudder Stëmmung ausklénge gelooss.


Nieft de Ministeren an Deputéiert aus dem Südbezierk, dem Gemengerot an eisen Éierebuergermeeschteren, waren och sëlleg aner Invitéeën um Rendez-vous: d’Buergermeeschtere vun den Nopeschgemengen, eng Delegatioun vun Drusenheim, de Comité „150 Joer Schëffleng“, d’Schëfflenger Veräiner esouwéi d’Responsabel vun de Gemengeservicer.


Dës symbolkräfteg Feier huet Schëffleng vereent an e staarke Startschoss fir e bedeitungsvollt Jubiläumsjoer gesat.