Fir d’aktiv Mobilitéit ze fërderen an d’Vëlofueren am Alldag nach méi attraktiv ze maachen, steet elo virum Centre sportif eng nei Vëlo-Ofstellplaz mat enger begréngter Daachfläch zur Verfügung.
Dësen neien Amenagement bitt verschidde Virdeeler:
Eng praktesch a sécher Parkméiglechkeet fir CyclistenEn effikasse Schutz géint Reen an aner Wiederaflëss, fir d’Vëloen dréchen ze halenEng begréngt Daachfläch, déi d’Biodiversitéit ënnerstëtzt, sech harmonesch an d’Ëmwelt afüügt an zu enger nohalteger Gestioun vum Reewaasser bäidréit
De Vëlo ze wielen heescht, op eng ekologesch, ekonomesch a gesond Alternativ ze setzen. Mat dësem neien Amenagement wëlle mir dës Optioun nach méi attraktiv a komfortabel maachen.
Zesumme schafe mir un enger méi nohalteger Mobilitéit an engem agreabele Liewensraum fir all Bierger·innen.