Visitt vum Site vun der Metzeschmelz
um weitere Bilder zu sehen.
Den 29. Abrëll hunn de Premierminister Luc Frieden an de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung Claude Meisch zesumme mam Escher Buergermeeschter Christian Weis, dem Schëfflenger Buergermeeschter Carlo Feiereisen a Vertrieder vun AGORA de Site Metzeschmelz offiziell besicht. Bei dëser Visitt gouf de Fortschrëtt vun de Planifikatiouns- an Entwécklungsaarbechte presentéiert, déi eng 63 Hektar grouss fréier Industriefriche an e modernen an nohaltege Quartier transforméiere sollen.
Laangfristeg si ronn 4.360 Wunnenge fir 8.000 bis 10.000 Awunnerinnen an Awunner, bal 7.900 Aarbechtsplazen a méi wéi 800.000 m² gebaut Fläch virgesinn, dovunner 30 % als bezuelbare Wunnraum. D’Zil ass et, déi éischt Bewunnerinnen a Bewunner ëm 2031 opzehuelen an e Quartier ze schafen, deen Industriepatrimoine, Liewensqualitéit an nohalteg Mobilitéit op eng intelligent Aart a Weis verbënnt.
©Photos : Ville d’Esch & Emile Hengen