Internationae Fraendag 2026

De 7. Mäerz huet d’Schëfflenger Konschthaus am Kader vum Internationale Fraendag e liewegen Nomëtteg ënner dem Motto “Give to Gain” erlieft. D’Participant·inn·en hunn d’Geleeënheet genotzt, fir Konscht, Gespréicher an Atelieren ze entdecken an hir eege Perspektiven anzebréngen.

D’Gruppenausstellung Plan B, kuratéiert vum Florence Hoffmann, d’interaktiv Reflexiounsmauer „Wat Frae ginn“ an déi kreativ Textil-Atelieren hu fir eng oppen an inspiréierend Atmosphär gesuergt.


Bei der Table ronde „Zäit ginn, Afloss gewannen“ hu follgend Invitéeën iwwer lokal Engagement a gesellschaftlech Verantwortung diskutéiert: Christiane Biewer, Jeffrey Drui, Elvire Geiben, Christianne Wickler, Anne‑Sophie Loos a Josiane Ginter.


Eng guidéiert Visitt an artistesch Iwwerraschungen hunn de Programm ofgeronnt.


E grousse Merci un all déi, déi dësen Nomëtteg matgestalt hunn.