D’Gemeng Schëffleng, déi zënter 2024 als Commune Sans Tabac zertifizéiert ass, huet de 5. Februar 2026 als éischt Gemeng am Land de Sëlwer Label kritt. Si gehéiert zu de Pionéier an der nationaler Strategie Génération Sans Tabac a konnt duerch konsequent a progressiv Aktiounen all Critèrë fir de Bronze‑ an elo och de Sëlwerlabel erfëllen. De Buergermeeschter Carlo Feiereisen ënnersträicht dobäi, datt d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun de Biergerinnen a Bierger – besonnesch vu Kanner a Jonker – eng zentral Prioritéit fir d’Gemeng sinn.
Fir de Sëlwer Label ze erreechen, huet Schëffleng eng Rei konkret Moossnamen ëmgesat: kloer signaliséiert fëmmfräi Zonen op Eventer, gratis Berodunge vun der Fondation Cancer fir mam Fëmmen opzehalen a Sensibiliséierungsaktiounen an Zesummenaarbecht mat de lokale Veräiner a Sportsclibb. D’Zertifizéierung gouf am Kader vun der Soirée de Bienvenue fir déi nei Awunner·innen iwwerreecht, mat der Presenz vun dräi lokal zertifizéierte Clubs de Sport Sans Tabac.
D’Fondation Cancer huet d’Gemeng fir hiren exemplareschen Asaz gelueft. De Label ënnersträicht d’Roll vun der Gemeng an der Génération Sans Tabac a säi Bäitrag zu engem gesonde, fëmmfräien Ëmfeld fir déi nächst Generatiounen.