Monument vum Héichuewen vum Wenzel Profant

Dëst Monument, geschaf vum Kënschtler a Resistenzler Wenzel Profant (1913–1989), gouf 1989 virum Gebai vum CCAMR zu Schëffleng installéiert.


Am Kader vun der Neigestaltung vun der Esplanade gouf et 2017 ewechgeholl, 2024 restauréiert an de 17. Mäerz 2026 vun der Gemeng Schëffleng am Park « Um Benn » nees opgeriicht.


De Wenzel Profant war eng wichteg Perséinlechkeet vun der Schëfflenger Resistenz a Matgrënner vun der Organisatioun ALWERAJE. Dës Resistenzbeweegung ass wärend der däitscher Besatzung entstanen. Si geet zeréck op eng Grupp vu Leit aus Schëffleng, déi nom 10. Mee 1940 a Schëffleng bliwwe sinn an sech ëm d’Duerf an seng Awunner gekëmmert hunn. Si hunn zum Beispill Haiser geséchert, Déiere versuergt an Doudeger begruewen.


Den Numm setzt sech aus den Ufanksbuschtawe vun de Grënner zesummen: Albert Wingert, Wenzel Profant, Raymond Arensdorff a Jean Doffing.