Bamplanzaktioun fir déi Neigebuere vun 2025
10
Bildergalerie
Bitte scrollen Sie nach unten,
um weitere Bilder zu sehen.
um weitere Bilder zu sehen.
Den 18. Abrëll, huet d’Gemeng Schëffleng déi neigebuere Kanner vun 2025 an hir Familljen op hir traditionell Bamplanzaktioun invitéiert. D’Event huet um Terrain vun der Albert Wingert-Schoul stattfonnt, wou symbolesch fir all d’Kanner vun 2025 dräizéng Beem an nonzeg eenheemesch Straich geplanzt goufen.
Am Joer 2025 si 116 Schëfflenger Kanner op d’Welt komm, a ronn 30 Famillje sinn dem Opruff nokomm, fir zesummen e flotte Moien ze verbréngen. Zum Ofschloss konnten d’Familljen ee Vullenhaische mat Heem huele fir de Villercher an hirer Ëmgéigend een neit Doheem ze schenken.
Den Naturschutz ass e wichtegt Thema fir d’Gemeng Schëffleng, an d’Bierger·inne ginn dobäi reegelméisseg aktiv mat agebonnen. Hinnen e grousse Merci!