Chihuahua Odin siicht en Doheem


Hey, mäi Numm ass Odin, ech sinn 3-4 Joer jonk an op der Siich no menger Famill fir d‘Liewen. Ech sinn kastréiert an si momentan nach zu Hirson am Refuge. Mee wann déi passend Famill sech mellt, dierf ech op Lëtzebuerg kommen. Ech sinn keen Frënd vun aaneren Ritten mee mat enger léiwer Mudder kann et klappen. Ech sinn ongeféier 2,7 kg liicht mee hunn den Ego vun engem 50 Kilo Hond. Typesch Chihuahua eben! Trotz menger Gréisst sinn ech ee Mupp , deen gären trëpplen geet an flitzen kann. Ech wärt nach net ganz propper sinn an do musst dir e bessi Gedold opbréngen, ech hunn just am Gard geliewt an dat Wanter wéi Summer. Ech free'ë mech op een warmt an kuschelegt Doheem an sinn immens mënschenbezunn.

Wann dir méi Infoen wellt dann mellt ierch bei Amiavy um 691722224

Merci ären