Den TCS ass neie Champion vu Lëtzebuerg

Samschdes, den 12. Juli konnt sech d’Härenequipe vum TC Schëffleng an der Finall vun der dësjäreger SEAT League, dem Interclub-Championnat am Tennis, géint TC Arquebusiers duerchsetzen. Fir hinne fir dësen Exploit ze felicitéieren, huet d’Gemeng Schëffleng eng Receptioun organiséiert. Hei huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch net nëmmen dem Veräin e grousse Luef ausgesprach fir hir gutt Teamaarbecht, mee och hirem Kapitän Philippe Groborne all Guddes gewënscht fir seng sportlech Pensioun.


D’Equipe déi elo den zweeten Titel an der Veräinsgeschicht bei de Männer konnt feieren, bestoung aus follgende Persounen: Alex Knaff (629 ATP), Chris Rodesch (160 ATP), Louis Van Herck (1348 ATP), Emilien Demanet (688 ATP), Theo Van De Weghe, Yannick Baluska, Laurent Schroeder, Samuel Damas, Jeff Künsch, Torsten Ast, Theo Papamalamis, Loic Cloes an natierlech Philippe Groborne.