„How do you eat neighbour?“

Vu leschtem Donneschden, 18. Abrëll un gouf „Multikulti“ bei eis an der Albert Wingert Schoul zu Schëffleng grouss geschriwwen. Mir hate neemlech sämtlech Partner vun eisem Comenius-Projet op Besuch.
Donneschdes am fréie Nomëtten sinn d’portugiesesch Enseignanten mat 15 Kanner um Findel gelandt. Kuerz dono sinn och eis griechesch Partner an der Stadt ukomm. Méi spéit hu sech och nach eis hollännesch Frënn zu Schëffleng afonnt.
9 vun de portugiesche Kanner hu net mam ganze Recht an de verschiddenen Hôteler geschlof mee a portugiesechen Gaaschtfamillen vun eise Schüler aus de Cyclen 3 a 4. Natierlech war d’Freed enorm, wi se sech gesinn hunn an direkt huet een gemierkt, wéi entspaant a flott de Mateneen war.
Owes si mer zesummen iesse gaangen an et gouf bei enger gemittlecher Partie Keelen gudd geschnësst a gelaacht.
Freides moies haten eis portugiesesch, hollännesch a griechesch Frënn bei eis an der Schoul géint 9h00 RDV. Ganz häerzlech goufen dann och nach d’Enseignanten vun eiser däitscher Partnerschoul emfang. Bis zur Paus hunn d’Kanner aus dem Cycle 4 a klenge Gruppen eise Gäscht eis Schoul gewisen an an der passender Sprooch déi néideg Erklärunge ginn. Natierlech schwätzen eis Kanner (nach) kee griechesch, do gouf sech dann mat englesch ausgehollef.
Um 10h00 gouf zesumme mat all den Enseignanten aus der Schoul an de ganze Comeniuspartner Kaffi gedronk a bei enger gudder Mëtsch sech kennegeléiert an ausgetosch.
Frësch gestärkt huet sech d’Comeniuséquipe dunn a 4 Atelieren agedeelt: d’hollännesch Enseignanten hu mat hirem Kannergrupp e witzegt hollännescht Lidd astudéiert. Di däitsch Enseignanten hunn eis Kanner mat engem flotten däitsche Lidd inclusive Bewegungen begeeschtert. D’portugiesech Léierinnen hu mat eise Schüler e portugiesecht Lidd geübt an d’griechesch Enseignanten hunn hirem Grupp e griescheschen Danz méi no bruecht. An der Kichen huet de Rescht vun den Enseignanten mat de Kanner zesummen a 4 Statiounen kleng Snacken an Desserten, aus deene verschiddene Comenius-Länner, firbreed.
No der Mëttegpaus stung en Aarbéchts-Meeting um Programm während di portugiesesch Kanner an de Bastelatelieren vum Cycle 3 a 4 verdeelt waren.
No der Schoul huet de Buergermeeschter vu Schëffleng, de Roland Schreiner, zesumme mam Carlo Feiereisen, 2. Schäffen, sech et net huele gelooss fir eis Comenius-Partner op der Gemeng ze empfänken.
Dono si mer zesummen de Musical „We will rock you“ an d’Rockhal op de Belval kucke gaangen, wou den Owend gemittlech ausklénge gelooss gouf.
Samsdes moies stung eng Visite guidée vun eiser schéiner Staat um Programm. Méi oder manner fitt hu mer duerch de Wenzelspad an d’Besichen vun de Kasematten eisen auslännesche Frënn eis aluedend Heemecht méi no bruecht. Si ware begeeschtert vun de ville flotte Plazen, déi se gesinn hunn.
Währenddem eis Gäscht duerch d’Staat flanéiert sinn, goufen an der Schoul schons rëm Diren opgespaart: D’Eltre vun eise Kanner hunn d’Iessen, wat se Doheem préparéiert hunn, an d’Schoul bruecht. Vill fläissech Bénévolen hu schons mëttes an eiser Schoulkichen an den Dëppe geréiert, am Gank Dëscher fir de Buffet opgeriicht oder an der Sportshal Dëscher a Bänken fir owes gesat.
Um 18h00 war et dunn endlech souwäit: D’Opféirung vun eisem Multikulti-Programm vun a mat de Kanner konnt ufänken. Ganz vill Eltren haten sech am Turnsall afonnt, fir hir Kanner bei hirem Optrëtt z’ënnerstëtzen. A Présence vun eiser Schoulinspektesch, der Madame Jeanne Letsch, an dem Schoulschäffen, dem Marc Spautz gouf den Eltren en ofwiesslungsräichen an animéierten Programm gebueden mat Danz, Gesang a Sketcher. Natierlech gouf eis Soirée vun de Kanner selwer moderéiert an dat op englesch, portugiesesch an däitsch. Eenzel Kanner hunn et sech net huele gelooss, fir souguer verschidden Moderatiounen op griechesch ze man. Déi puer Säz goufe freides äiffreg mat de griecheschen Schoulmeeschtren geübt.
Den Applaus vun den Eltren huet Grouss a Kleng richteg frou a stolz gemeet. Zesumme gouf e Patt gedronk an d’Häppecher, déi fir den Appéritif firgesinn waren, ware séier giess. Immens flott war dono dat gemeinsamt Iessen mat de Kanner, hiren Eltren an de Comeniuspartner. De Rush op de Buffet war enorm, mee dat war och ze verstoen, et huet immens gudd geroch. Eis flott Soirée, déi am Zeechen vum sproochlechen, kulinarëschen a sozialen Austausch stung, gouf nom Dessert nach ganz relax ausklénge gelooss.
Sonndes moies gouf net ausgeschlof mee fir 10h00 war Rdv am Musée des Mines, wou eng Féirung duerch d’Minnen um Programm stung. Emmer rëm konnte mir d’Begeeschterung vun eise Comenius-Partner fir eis klengt awer schéint Ländche bemierken.
Sou lues a lues gouf et du leider Zäit fir sech Äddi ze soen. Eis portugiesesch Frënn goufen op de Findel gefouert an eis däitsch an hollännesch Gäscht hu sech mat hiren Autoen op de Wee fir Heem gemeet.
Well d’Griechen hire Fliger réicht fir méindes moies gebucht haten, hu mer vun der Situatioun profitéiert, fir mat hinnen nach sonndes am Nomëtten e gemittlechen Tour iwert de Märtchen ze man.
Midd awer zefridden ass d’Comeniuséquipe vu Schëffleng e Sonnden an d’Bett gefall. Un deene leschten Deeg goufe Wochen a Méint préparéiert an organiséiert. Ganz vill Bénévollen (Enseignanten, Partner, de Portier, Frënn..) stungen der Comeniuséquipe zur Hand an all zesummen hu mer dozou beigedroen, dass mer konnten e flott Comeniustreffen zu Schëffleng tëschent all de Partneren op d’Been stellen.
Während deene 4 Deeg goufen och ganz vill Fotoë gemeet, déi een op www.schoulscheffleng.lu kucke goe kann.
Mir freeën eis lo schon fir ufanks Juni op Gerolstein ze fueren, well do ass dat neechst Comeniustreffen... ☺