All Gudds fir de 85ten Gebuertsdag!

De Buergermeeschter Fränk Daems zesumme mat senge Schäffen dem Patrick Grotz a Luss Brosius aus der Gemeng Fëschbech haten d’Éier dem Liz Pinckers-Huynen fir säi 85ten Gebuertsdag ze gratuléieren. An enger klenger Feierstonn zu Schous beim Liz doheem hunn Si eng flott Coupe kënnen iwwerreechen an iwwert déi al Zäit gepotert. D’Liz Huynen ass de 6. Februar 1934 zu Schinnen (NL) op Welt komm. 1954 ass d’Liz mat senger Famill op Lëtzebuerg komm. Fir d’éischt hu Si um Cents gewunnt. 1958 huet Liz den Antoine Pinckers zu Hamm an der Kierch bestuet an ass dunn ob Kayl geplënnert. Duerno waren se nach e puer Joer zu Miedernach an och nees an Holland. 1975 huet et d’Famill Pinckers-Huynen nees ob Lëtzebuerg gezunn wou Si dunn zu Schous de Cannivis Haff gepacht hunn. Aus dem Bestietnes sinn 3 Kanner, 5 Enkelkanner an 2 Urenkel ervirgaange. Dem Liz säi Mann ass 1991 verstuerwen. Mee säit gutt 11 Joer huet Liz den Henk, mat deem et duerch Liewen geet. Den Henk ass ëmmer fir d’Liz do an Si ginn zesummen duerch deck an dënn. De Schäfferot wënscht hinnen zwee nach vill schéi Joren zesummen an eiser Gemeng!