Bei wonnerbarem Wieder huet d’Musek Gemeng Dippech och dëst Joer den traditionellen Hämmelsmarsch an de Lokalitéite vu Schuller a Sprénkeng gespillt. Dës laangjäreg Traditioun ass en zentraalt Element vum kulturelle Liewen an eiser Gemeng a gëtt all Joer mat grousser Begeeschterung vun de Bierger ënnerstëtzt.
Ënner stralender Sonn ass d’Musek duerch d’Dierfer gezunn an huet mat flotten a bekannte Kläng d’Awunner erfreet. Vill Leit hunn sech laanscht d'Strooss versammelt, fir de Marsch matzeerliewen a fir der Musek hir Bewonnerung auszedrécken.
Als Neierung war dëst Joer e Won am Asaz, dee vun engem Trakter gezu gouf an op deem d’Musikante Plaz fonnt hunn. Dëst huet net nëmmen zur visueller Präsenz bäigedroen, mee och de musikalesche Charakter vum Hämmelsmarsch nach méi zur Geltung bruecht.
D’Awunner hunn sech iwwert de Besuch vun der Musek gefreet an hunn sech generéis gewisen – vill Spende sinn zesummekomm, déi direkt der Ënnerstëtzung vun eiser musikalescher Aarbecht zegutt kommen. Fir dëst Engagement soe mir e grousse Merci.
Den Hämmelsmarsch bleift eng lieweg Traditioun, déi net nëmmen d’Musek, mee och d’Zesummeliewen an d’Identitéit an eiser Gemeng staark fërdert. Mir freeën eis, dëse schéine Brauch och an de kommende Joren erëm zesumme mat Iech ze feieren.