"Warm-up Rock um Bur" – Erfollegräich Première an der Gemeng Dippech

De 4. Juli 2025 huet zu Betteng um Bur déi éischt Editioun vum Warm-up Rock um Bur stattfonnt – e musikalescht Open-Air-Event, dat vun der Musek Gemeng Dippech a mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Dippech organiséiert gouf.

D’Evenement ass géint 18:00 Auer mat engem Afterwork gestart. D’Plaz huet sech séier gefëllt a Leit vu jonk bis al hunn sech bei musikalescher Begleedung zesumme fonnt.

Um 20:00 Auer huet d’Musek Gemeng Dippech e flotte Concert gespillt – mat engem ofwiesslungsräiche Programm, deen de Publikum matgerappt huet. No engem stëmmungsvollen Optrëtt huet den DJ d’Bün iwwerholl an d’Visiteure bis Mëtternuecht ënnerhalen.

Dës Première war e musikalesche Succès. Et gouf fir Iessen, Gedrénks an eng frëndlech Atmosphär gesuergt – ideal fir de Start an d'Summervakanz. D’Reaktiounen aus der Bevëlkerung waren extrem positiv, an d’Stëmmung um Site war dynamesch a relax gläichzäiteg.

D'Musek Gemeng Dippech weist sech zefridden an hofft, dëst Event och an Zukunft als feste Bestanddeel vum kulturelle Summerprogramm an der Gemeng Dippech verankeren ze kënnen.

E grousse Merci geet un d’Organisateuren, Benevollen an all Visiteuren, déi dës Première esou flott matgestalt hunn.