Op den Dag genee virun 175 Joar.


Op den Dag genee virun 175 Joar


De 26. Juni 1847 ass zu Stadbriedemes d’Kërrech vum apostolesche Vikar Theodore Laurent geweit ginn. Den Hellegen Thomas ass zum Patréiner vun dësem Gotteshaus, schon 1834 erbaut, ernannt ginn.
Sonndeg, de 26. Juni 2022, op den Dag genee 175 Joar méi spéit, ass dëse Jubiläum gefeiert ginn a Präsenz vum Äerzbëschof Fernand Franck, den Häre Geeschtlechen Marcel Pundel a Marcel Groff, souwéi den Diakonen Christian Mailänder a Raymond Goedert.
Vill Éiregäscht, dorënner de Buergermeeschter mam Schäfferot, verschidde Gemengeréit, aktuell a fréier Kërcherotsmemberen, vill Leit aus der Gemeng oder den Nopeschdërfer hunndës schéi Feier, déi den Här Dechen Marcel Pundel, zesumme mat dem Organisatiounscomitéop d’Bee gestallt huet, materlieft.

An der Lesung, wéi och an der Priedegt vum Här Franck, ass däitlech gemaach ginn, dass all Leit, déi sech an dësem Gotteshaus versammelen, fir d’Wuert vu Gott ze lauschteren, hien zeluewen, freedeg Momenter ze erliewen, Trouscht ze fannen oder den Härgott em Hëllef zefroen, dass all déi Leit, déi him am alldeegleche Liewen déngen, Gottes Tempel ausmaachen. Jiddereen ass e liewege Steen vu Gottes Bau, kleng an onwichteg op den éischte Bléck, meegif ee Steen feelen, da wär de Bau net komplett.

De 26. Juni 2022 woar en Dag vun dankbarer Erënnerung un d’Wërke vu Gott an dësem Haus an u Persounen, déi hei eng wichteg Hand mat ugepakt hunn. Ze ernimmen wären do di Häre Geeschtlech, mat engem spezielle Grouss un den Här Laurent Drees, d’Marie-Jeanne an de Jemp Stronck-Schaeffer, déi joarzéngtelaang vill Stonnen an dëser Kërrech verbruet hunn, firdass d’Haus Gottes tipptopp an der Rei an dem Ulass entsprechend schéi gerëscht woar, d‘Membere vum Kërcherot, déi am Laf vun de Joare wichteg Entscheedungen geholl hunn,  d‘Choralen an d‘Organisten, déi mat hirem Gesang an Orgelspill d’Gebied vun de Leit an de Luef Gottes ënnerstëtzt hunn.

Des Jubiläumsmass gouf gesanglech a musikalesch verschéinert vun der Chorale Sainte Cécile vu Réimech ënnert der Leedung vum Roby Pauly an op der Orgel begleet vum Patrick Wilwert.
Als Erënnerung un dësen Dag gouf gläich am Ufank vun der Feier eng Gedenkplaque am Tambouer vun der Kërrech enthüllt.

D’Kërrech St Thomas vu Stadbriedemes an d’Vollek hunn eng würdeg Feier fir 175 Joar Wei erlieft. An och an den nächste Joaren biede mir den Härgott:
O lass im Hause dein uns all geborgen sein!