Konveniat vun den Nokommen aus der Famill Wies-Laux vun Hoën

Op Invitatioun vum Alain a Fabrice Lambert huet sech kierzlech een Deel vun de Nokommen vun der Famill vum Pierre Wies an Anne Laux aus dem Haus “a Béinzen” vum Randlingen zu Hoën an der Aler Schmelz zu Stengefort getraff.

De Pierre Wies, 1856 zu Hoën gebuer, huet sech den 3. Mäerz 1886 zu Stengefort mam Anne Laux vu Bissen bestued. Zesummen haten si 11 Kanner. Spéiderhin huet sech d’Famill ëm 20 Enkelkanner vergréissert an zielt bis haut 122 direkt Nokommen (33 Urenkel-, 47 Ururenkel- an 11 Urururenkelkanner).

De Stammbaam, dee vum Gerr Schroeder vu Kayl erstallt ginn ass, huet et méiglech gemach, dësen éischten Konveniat z’organiséieren. Esou war dës Feier fir all d’Familljemembere d’Geleegenheet, sech no laanger Zäit erëmzegesinn respektiv sech kennenzeléieren. (Foto: Charel Lentz)