SPORTLERÉIERUNG

Bei der dësjäreger Sportleréierung huet d’Gemeng Stengefort an Zesummenaarbecht mat der Sportskommissioun déi gutt sportlech Leeschtunge vun 2022 honoréiert. Am ganze goufe 86 Sportler.inne geéiert, dorënner 21 Eenzel-Meritten, 5 Kollektiv-Meritten an ee Mérite exceptionnel.


No enger flotter Demonstratioun vum Capoeira Team Luxembourg, gouf zesumme bei engem klenge Maufel an engem Patt ee gemittlech Owend verbruecht.


Nach eng Kéier all eis Felicitatiounen un all eis Sportler.innen. Maacht weider esou!