1. Steeseler HobbymaART Konscht a Kreativitéit aus Hobbykënschtlerhänn!

06
Jul
2025
06 Jul

Den 6. Juli fënnt den 1. Steeseler Hobbymaart statt, organiséiert vun Hobbykënschtler Lëtzbuerg asbl an der Kulturkommissioun vun der Gemeng Steesel.

Mat iwwer 100 Aussteller, ausschliisslech Hobbykënschtler, déi all hir Wierker selwer gemaach hunn. Visiteuren kënnen eng grouss Villfalt entdecken: Molerei, Bijouen, Holzskulpturen, Keramik, Patchwork, Bitzen, Fotografie, Glas- a Pabeierskonscht, Drechselaarbechten a villes méi. D’Stänn sinn am Bausseberäich an am Centre de loisirs opgestallt.

Fir eng flott Atmosphär suergt musikalesch Animatioun iwwer den Dag, an och un d’Kanner ass mat enger Kanneranimatioun geduecht. Lokal Veräiner suergen fir Gegrills, Gedrénks a Kaffi a Kuch.

E flotten Event fir all Amateur vu Konscht a Kreativitéit!