Fir méi Natur an eise Stied an Dierfer ze garantéiere goufen zu Steesel direkt zwee Projeten ëmgesat. Op enger Verkéiersinsel ass eng aarteräich Blummewiss mat heemeschem Geseems vu Wëllplanzesom Lëtzebuerg ugeluecht ginn. Bestëbserinsekte wéi Beien a Päiperleken, fannen Nektar un de Bléie wärend d’Larven sech kënne vun de Blieder ernieren. Bei der Schoul goufen zertifizéiert Wëllstauden gesat fir e frëndlecht a faarwegt Duerfbild an e wäertvolle Liewensraum fir d‘Insekten ze schafen. Elo am Fréijoer blitt et besonnesch schéin an no an no komme weider Planzen an d'Bléi déi bis de Wanter Nektar ze liwweren. Dono sinn d'Stengelen eng ideal Plaz fir vill Insekten ze iwwerwanteren.
Béid Projete goufe vum SICONA an Zesummenaarbecht mat der Gemeng ausgeschafft an ëmgesat. D’Gemeng sammelt mat naturnoe Grénganlagen am urbane Raum och Punkten am Kader vum Naturpakt, dee vum Ëmweltministère an d’Liewe geruff gouf an d’Gemenge fir hiert Engagement fir den Naturschutz belount.
Vill Duerfdéieren a -planzen, Bestëbser an aner Insekten ginn duerch Bebauung an Zersiidlung ëmmer méi zeréckgedrängt. Naturno Gréngflächen hëllefe fir hinne Liewensraim ze sécheren.