Aweiung vun der neier Grondschoul Antoine de Saint-Exupéry zu Stroossen

De 24. September gouf a Presenz vum Edukatiounsminister Claude Meisch a vum Stroossener Schäffen- a Gemengerot, déi nei Grondschoul Antoine de Saint-Exupéry zu Stroossen ageweit.


Mat enger klenger Verspéidung duerch Liwwerschwieregkeeten, déi op d’Covid-19 Pandemie zeréckzeféieren sinn, konnt déi nei Schoul fir d’Rentrée 2021/22, a Betrib geholl ginn.


D’Populatioun vun der Gemeng Stroossen wiisst kontinuéierlech an dofir mussen d’Gemengen- an d’Schoulinfrastrukturen erweidert an de Besoinen adaptéiert ginn.

Am Duerchschnëtt kommen all Joer 30 Schoulkanner zu Stroossen bäi, wat ongeféier 2 zousätzleche Schoulklassse pro Joer entsprécht.

Am Plang Stroossen 2030, dee virgesäit, den Duerfkär vu Stroossen nei ze gestalten, sinn nach eng Schoul an eng Maison Relais um aktuelle Site vum Fussballsterrain virgesinn.


Mat Hëllef vun engem Modularbau gouf d’Struktur vum 3-stäckege Schoulgebai Antoine de Saint-Exupéry a kuerzer Zäit opegriicht an ass a punkto Nohaltegkeet, Modernitéit an Technologie um neiste Stand. D’Gebai steet engem traditionnelle Bau an näischt no a wäert och d’Certificatioun fir nohalteg a kreeslafgerecht Konstruktion DGNB erhalen.


All Klassesall ass mat enger interaktiver Tafel equipéiert, wat et erméiglecht den Unterrecht méi multimedial ze gestalten. Um Daach vun der Schoul kënne Fotovoltaïkspanneauen installéiert ginn.


D’Gebai dréit den Numm vum franséische Schrëftsteller a Pilot Antoine de Saint-Exupéry. A senge Wierker spille Wäerter wéi géigesäitege Respekt, kulturell Diversitéit, Solidaritéit a Responsabilitéit eng grouss Roll an dës sollen och an der Stroossener Schoul gelieft ginn.


Chiffres clés :

Superficie totale du bâtiment : 928 m2 avec 16 salles de classe pour le cycle 2

Alentours directs du bâtiment : 2 500 m2

• deux aires de jeux de 455 m2, resp. 462 m2

• un complexe multisports de 336 m2

Corps de métier

• Simon-Christiansen (pour la durabilité, l’audit DGNB et le concept énergétique)

• tecna sàrl ( statique, le génie civil, le gros-œuvre et la maîtrise d’ouvrage)

• Alho Modulare Gebäude

Début des travaux : Septembre 2019

Mise en service : Septembre 2021

Budget : 6.692.180,04€