Diplomiwwerreechung vun der Formation continue zu Stroossen

All Joer ginn an der Gemeng Stroossen eng grouss Unzuel vu Weiderbildungscoursen ugebueden: Sproochecoursen, Sproochen-Intensivcoursen vun 3 Wochen, Lëtzebuergesch Coursë fir d’Nationalitéit ze kréien, Konscht-, Danz- a Kachcourse.

Felicitatioun un d’Schüler fir hiert Engagement an Motivatioun !

Ab dem 4. Juli kënnt Dir Iech fir d’Coursen umellen fir d'Rentrée 2019/20.

Weider Informatiounen an Umeldung op eiser Internetsäit.


www.strassen.lu