En aussergewéinlechen Hämmelsmarsch 2020

Mir spillen den Hämmelsmarsch! Schnell opstellen! Wäit genuch vuneneen? Mask of ... a lass!

Mask nees op... an nach eng Kiermes! Opstellen ... Mask of... spillen... Mask op... A weider!

En ongewinnten Hämmelsmarsch. An awer ware mir alleguerte frou, d‘Kolleege vun der Musek erëmzegesinn. An d’Leit, bei déi mir schelle gaange sinn, waren och frou eis erëmzegesinn, dat hu mir un hirem Grëff an de Porte-Monnaie gemierkt! Dofir soe mir, d’Rollengergrënnesch Musek, all de Leit aus eisem Quartier e grousse Merci fir déi generéis Ënnerstëtzung. Eisen Hämmelsmarsch beweist: och Mask an Ofstand hale kann eis d’Freed um Musekmaachen net huelen!