Remise de chèques pour associations humanitaires

Bei der Scheckiwwerreechung vum 4. Juli, konnten sech 5 karitativ Organisatiounen iwwer Done vun der Gemeng Stroossen freeën. D’Suen gi genotzt fir verschidde Projeten zu Lëtzebuerg an och am Ausland ze ënnerstëtzen. An der Gemengerotssitzung vum 20. Juli waren d’Organisatioune gestëmmt ginn, déi dëst Joer, a Präsenz vum Schäfferot an de Representante vun der jeeweileger Organisatioun, en Scheck iwwerreecht kruten:


Reech eng Hand Bartreng / Stroossen: Don vun 2.400€ONGD – FNEL (Projet am Nepal): Don vu 4.000€Chrëschte mam Sahel: Don vu 4.000€Croix-Rouge Luxembourgeoise (Aides pour catastrophes humanitaires): Don vu 4.000€Unity Foundation: Don vun 1.600 €

Am Kader vum Stroossen Wibbelt 2019 wou d’Participante fir de gudden Zweck gelaf oder Vëlo gefuer sinn, koume vum Startgeld, dem Verkaf vun Iessen a Gedrénks an der Ënnerstëtzung vu Sponsoren, en Gesamtmontant vun 3.423,50 € zesummen. Den Erléis geet hei un Unity Foundation, eng lëtzebuergesch Asbl déi mat hire Projeten d’Autonomisatioun vu Communautéiten duerch Educatioun fërdert. Si schaffen hei mat siwe lokale Partner a Latäin-Amerika, Asien an Afrika zesumme fir de Suivi vun hire Projeten op eng laang Zäit ze sécheren.

E grousse Merci un d'Sponsoren, BGL, Le Foyer a Cactus an un all déi involvéiert Veräiner vu Stroossen ouni déi esou een Event guer net méigleg wier.