Wëllkorridor beim Mariendallerhaff

Landschaftselementer wéi Hecken, Uebst- a Lafbeem si wichteg an eiser Gewan als Stopp an Narungsquell fir heemesch Déieren, wéi Wëllkaz, Igel, Huesen an eng ganz Rei Vigel.


Tëschent zwee Bëschgebidder fannen d’Déieren hei eng Plaz fir ze raschten oder ze joen. Beim Mariendallerhaff sinn d’Fläche besonnesch gëeegent fir esou Strukturen ze erhalen an ze fërderen. An och d'Päerd profitéieren dovun, z. B. schützen se bei Wand a bidde Schied, wéi de Betrib erkläert, fir deen et eng "win-win" Situatioun ass.


Säit 2021 sinn zesumme mam landwirtschaftleche Betrib 19 Uebst- an 8 Lafbeem, 130 Meter Hecken an aarteräich Randsträifen geplanzt an ugeluecht ginn. 2026 si weider Plantatioune geplangt fir de Wëllkorridor tëschent 𝐵𝑢𝑐ℎℎ𝑜𝑙𝑧 a 𝐵𝑖𝑟𝑘𝑒𝑏𝑒̈𝑠𝑐ℎ ze festegen. D’Strukture gi vum SICONA ënnerhalen a geschnidden.


Bis ewell huet SICONA an der Gemeng Helperknapp ca. 300 Uebstbeemgeplanzt, déi vun de SICONA Mataarbechter um Terrain mat der Ënnerstëtzung vun de Proprietairen, der Gemeng an dem Ëmweltministère ënnerhale ginn.