20 Joer Club Haus op der Heed Hëpperdang

Zum 20jäerigen Bestoen hot de Club „Haus op der Heed' hir Client'en aus den Nordgemengen an engem interessanten Film zu Wuert komme gelooss. D’Equipe vum Club huet iwwert ee Joer laang bei engem groussen Deel vun hiren Aktivitéiten gefilmt an Leit interviewt an doraus ass dësen Film entstanen, den weist wat sou ee Club ass an wat ën den Legt bedeit.

Op der grousser Leinwand am Ciné Orion zu Ëlwen konnten sech Buergermeesteren an d'Vertreter aus de Schäffen- a Gemengeréit von deenen 7 konventionéierten Gemengen von deenen villen Aktivitéiten an von der Begeesterung mat der Client'en an de Club kommen, iwwerzeegen. Von Ayurveda bis Zumba, iwwer baken a kachen, wanderen, Computercours'en, Ausflich a Reesen, Zero-Waste... ass alles dobäi.

13072 Mol goufen Dieren am letzten Joer von engem Klient opgemat fir on enger Aktivitéit vom Club Haus op der Heed deelzehuelen.

D'Presidentin von der Asbl Foyers Seniors, Madamm Liliane Frising, hot déi junk, dynamesch an innovativ Equipe gelueft.

Den Dr Edy Mertens, Buergermeester von der Gemeng Ëlwen, wousst dem Club Haus op der Heed seng Aarbicht ze schätzen an hott an Naam von deenen anneren Gemengen gratuléiert. Heen hott ervirgehuewen wéi gutt et ass, datt et sou engt Angebot on Weiderbildung, Couren an Aktivitéiten am Norden gëtt: bei esou engem Angebot brauch e néck méi an d'Stad ze foren.

Bei engem gudde Patt, Schnittercher an engem Gebuertsdagsbond offréiert vom Club gouf d'Gesellegkeet wéi ëmmer grouss geschriwwen an am Ganzen gëtt mat Spannung op déi nei Broschüre am September gewaart.