D'Klibberkanner kommen


Et ass Karfreideg ëm 7 Auer moies ; an de Stroossen van Ëlwen a Biwisch héiert ee Kanner ruffen 'Fir d'Moiesglack, fir d'Moiesklack' an dono ass haarde Kaméidi. Et sinn d'Massendinger van der Ëlwenter Kierch. Sie ersetzen d'Klacken, déi een die Deeg viran Ousteren net héiert. Op Gréngen Donneschdeg, nom Gloria an der Mass, han d'Klacken opgehale mat lauden. D'Chrësten traueren an sie denken an de Jesus dee leiden muss an dee stierwt. Réicht op Karsamsdig, wann de Gloria gesonge gëtt, lauden rem all Klacken, wëll jidereen soll héiren : de Jesus ass operstanen.

D'Massendinger iwwerhuelen d'Aufgab van de Klacken a ginn moies, mëttes an owes klibberen. Fir hir Aarbecht ginn d'Klibberkanner belount op Karsamsdig. Beim Opraafen ginn sie belount mat Oustereeër, Séissigkeeten oder mat Suen.

D'Massendinger soen allen Leit aus Ëlwen a Biwisch 'Merci' fir all Belounung a Werschätzung, die sie krueten beim Opraafen. An eent ass dobaï sëcher :

d'nächst Joer ginn d'Massendinger rem klibberen !