Scho fir drëtte Kéier war den Axel NEULIST, Gaardebaumeeschter aus der Schwäiz, beim Ëlwenter Gaart an Heem op Besuch. An och dëst Kéier haten seng Memberen nees d'Geleeënheet heen an hire Gaart ze ruffen fir do fachlech beroden ze ginn. Bei sengem Obenthalt vun anerhallwem Dag huet heen du net manner wi neng Gäert besicht an huet do de Leit op hire Froen geäntwert. Derbäi koum um Owend eng Konferenz an der Bibliothéik Tony Bourg zum Thema Waasser am Gaart, déi leider net deen erhofften Erfolleg hat. Ma di puer Leit déi do waren, hunn hirrt Kommen net bereit: dee mat engen honnert Diaen begleete Virtrag huet begeeschtert an et goufen och vill Froen beäntwert. Bei dem nächsten Ëlwenter Krautmaart am Fréijoer 2015 wäert de Gaardeflüsterer dann och nees derbäi sënn.