Eis Dierfer solle bléien
De 14. November wor d’Präisiwwerreechung vum Bloumeconcours an der Gemeng Ëlwen - organiséiert vun de Gaart an Heemer vun Ëlwen a Wilwerdang a finanziell gedroen vun der Ëlwenter Gemeng. D’Jury mam Natascha Mantrisi a Günther Schmitz hat déi schwierig Aufgab fir ënnert de villen Haiser der 30 mat de schéinste Bloumendécoratioun erauszesichen. D’Lauréaten kruten e praktische Cadeau a Form vun enger klenger Wiederstatioun. D’Regional Norden wor duerch d’Madame Christiane Kayser an den Här Paul Steichen vertrueden. Am Numm vun der Gemeng huet de Scheffen Marc Back de Laureaten gratuléiert a Merci gesot fir hire Beitrag zur Verschéinerung vun den Ortschaften.
Den Ëlwenter Gaart mécht sech dann o na op den Tour: den 22. November an d’EXPOGAST, den 20. Dezember op de Metzer Chrëstmaart an den 24. Januar op Lék an d’Ausstellung iwwert den 1. Weltkrich an der Gare Guillemins. Infoen an Umeldung um 691 650 549 / 99 89 35 (S. Miessen). Am Servior sënn och nees Gaardenecker – z. B. de 17. Januar mat dem CTF-Film ‚Gemüseparadies Reichenau’ – an der Paus gëtt et Gebeessbottischen an Téi.