No villen dréchnen Deeg ass dat agetroden, wat gefaart gouf:
pünktlech fir de Krautmaart ass d’Wieder ëmgeschlo - vum sonnege Freideg (beim Opriichten) op e kale verreente Samsdegmoien 25. Abrëll. An awer war deen éischten Aussteller, d’Julia Moll - d’Kraiderfra - um 6.15 op der Plaz.
A wee soll sech do blous schlecht geschéckt gehat hunn?
Awer: d’Leit koumen trotzdem, méi spéit, mee si koumen. An et waren net manner wéi 12 Aussteller do, wou et vill Informatiounen gouf an ee natierlech och akafen konnt. Eng grouss Zuel vu Leit kommen Joer fir Joer erëm a loossen sech vun de frëndleche Verkeefer zerwéieren. Wann dann d’Akeef gemat sënn, gëtt och nach een oder deen anere Patt gedronk, e klengen oder méi grousse Maufel geess a mat Frënn a Bekannten e Wierdchen geschwat an o iwwer dëtt oder dat gefachsimpelt. Do ginn dann o mol séier d’Meenungen zu dësem oder deem Thema auserneen. Ma sou daarf et jo o sënn a vläicht hält suguer deen een oder aneren seng besten Tricke bedeckt - ja, dee bekannte Gäertnerstolz! A souwisou, wat bei deem engen gutt klappt, ka bei deem anere genee sou an d’Box goen, wi dat wat hee virausser mouch.
Bei den Eessspezialitéiten gouf et dëst Joer fir d’éischt Gromperekichelcher: si wore gutt, ganz gutt an dofir och net zu genuch. Sou ähnlech gung et och der ACRPLT: Hir gutt Poulet’en an d’Bifanas wore séier all un de Mann oder d’Fra bruecht.
Am fréie Nomëtteg gouf et méi roueg an di éischt Aussteller hunn ugefongen anzepaken. Leider koumen méi spéit nach Leit kucken, ma du war schon hei an do geraumt an di schéinst Planze natierlech laang verkaaft.
Um Virowend vum Maart gouf et en interessante Poterowend beim Lamy. Do huet de Gaardeflüsterer aus der Schwäiz, den Axel Neulist, iwwer de Moundkalenner, Düngung, Krankheeten asw. referéiert an dono op all Froen Äntwerte geliwwert. Et haten sech eng knapps 20 Leit versammelt an och do hu Patt a Pizza gutt geschmaacht.