Firmung zu Ëlwen

Ënnerwee an eng "Nei Zäit"


Samsdig, den 4. Februar 2023 guefen 20 Jonker an der Parkierch zu Ëlwen gefirmt. De Kardinol Jean-Claude Hollerich guef viran der Kierch empfangen van de Geestlechen Michel Meyer, Maurice Péporté, Manuel Siebenbour, dem Diakon Alvaro Moreira an der Pastoralreferentin Ingrid Scholzen, dem Pastoral- a Kiercherot van der Par EWe an de Vertrieder aus de Gemengen Elwen an Wäiswampich. D‘ Präsidentin van der Par Marianne Meyers begréisst den Kardinol an ee Kand iwwereecht him ee Bouquet Blummen. De Motto van der Firmung „Ënnerwee an eng Nei Zäit“ guef van 2 Jonken erklärt. Mat dem Szenenspill „Sou fillt sich den Hëlligen Geescht an“ konnten die Jonk an de Paschtouer d’Kraaft vam hëllgen Geescht verdeutlichen. No der Predigt guefen die 20 Firmkandidaten dem Kardinol virgestallt. Bei der Firmung halen d‘Firmgiedel Viviane Thelen-Backes an de Firmpätter Manfred Scholzen hir Hand op d’Schëller vam Firmling als Zeechen fir hir Ënnerstëtzung. De gelongenen musikalischen Encadement van der Firmungsfeier guef van der Jugendchorale Adesso Special an de Puzzles iwwerholl. No der Firmung hat d’Gemeng Ëlwen op eng Réceptioun am Centre Culturel invitéiert.