Gaardeneck 2 am Servior

Eemol méi haten sech eng Rei vun eise Memberen afonnt, fir zesummen mat engem Deel vun de Leit aus dem Servior déi interessant Filmer vun der Liga CTF unzekucken. De Crochet Jos war nees mat sengem ganze Videogeschier ugereest fir äis déi schéi Bilder ze weisen. Et waren dës Kéier: eng Reportage iwwer d’Geméisinsel Reichenau um Bodensee an e Video vun engem Nopesch Gaart an Heem, deen 2012 op d’Weltausstellung Floriade op Venlo war. Eise Gaart an Heem war deemools och dohi gewiest a flott Erënnerungen vun do mat zréckbruecht.
An der Paus tëscht den zwee Filmer goufe vum Ine Dormans Kaffi, Téi a Gebeessbottischen ugebueden. Da gouf och op de weidere Programm vum Gaart an Heem gekuckt:
-24. Januar op Léck an d’Ausstellung vum 1. Weltkrich
-31. Januar op Tréier op DIGA: Die Gartenmesse.
-11. An 12. Abrëll an d’Vogesen (Riquewihr an Gérardmer: Fête de la Jonquille)
-22. Abrëll op Ettelbréck an Lëtzebuerger Revue
-25. Abrëll Ëlwenter Krautmaart
-12. Juni Mammendagsfeier mat Generalversammlung
Zu Ufank war sech selbstverständlech mol nach géigesäiteg e glécklecht Neit Joer 2015 gewënscht ginn.