D'Ritter sinn do!

Un dësem Weekend konnte sech erëm Dausende vu Leit zu Useldeng iwwerzeegen, wéi spannend a villfälteg d'Liewen am Mëttelalter wor.

Fir d'sechste Kéier gouf ronderëm d'Buerg am Stadkär e grousse Mëttelaltermaart mat iwwer 70 Stänn organiséiert.

Gaukler, Hexen, Ritter an Jongleure; et wor fir jiddereen eppes derbäi.

A mam Fierkel um Spiiss a säftegen "Ritterburger" wor och fir de klengen (oder grousse) Honger gesuergt.

Méi doriwwer liest Dir de Méindeg, 11. Juni 2012, an Ärem "Luxemburger Wort". (Cy)