Häerz & Léiwt- Gala Harmonie Useldeng bei vollem Haus
um weitere Bilder zu sehen.
Useldeng: En neien Dirigent, motivéiert Jugendmusiker an e flotte Programm ënnert dem Motto „Häerz & Léiwt“ bei vollem Haus. All dess Mierkmoler hun den Galaconcert 2025 vun der Harmonie Useldeng dest Joer um Samsden , den 24. Mee , geprägt. E flotte Programm konnt de Moderator vum Owend-Paul Montalto- denen iwer 300 Musikliebhaber am grousse Festsall presentéieren. Als Optakt vum Owend war et um Karin Pick, dat mat sengem Jugendensembel hirt Talent bei gläich zwee flott Musikstécker „I’ll Never Love Again“ an „Thinking out Loud“ bäschtens konnt beweisen. Duerno huet den neie Chef Christophe Weiland mat sengen Musikanten en ofwiesslunsräiche Programm zum Bäschte gin wi „Romeo and Juliet“, „ Titanic Medley“, „ Concert d’Amore“ „Tanz der Vampire“, „ bis zur „West Side Story „ niewt gläich e puer vum Publikum gefouerdeten Zugaben, di all mat groussem Applaus am Sall honoréiert goufen. Et bleiwt ervierzehiewen, dat d’Musikstéck „Unchained Melody“ vun denen dräi Bridder gesponsert gouf, zu Éieren fir hirer verstuerwener Mamm , Marthe Boudler, déi och langjährig Vizepresidentin vun der Useldenger Musik war. Mat engem grousse Merci konnt d’Sonja Leider sengt neit Instrument vum Raoul Schaaf mat senger Madame als Sponsor gaeren entgéint huelen. Ganz zefridden iwert den flotten Galaoptrëtt vum Jugendensemble mat alle Musikanten vun der Useldenger Harmonie mat hiren jeweiligen „chefs d‘orchestre“ huet sech de President Georges Boudler gewiessen an jidderengem Merci gesoot fir d’Kommen. Natirlich huet hien all Sponsoren vun de Musikstécker an och der Gemengeverwaltung fir hir Ënnerstëtzung säin oprichtrigen Merci ausgedrëckt. D’UGDA war och héi vertrueden duerch den Här an der Madame Raoul Roettgers. De Galaconcert 2025 zu Useldeng huet bei gemitlichem Zesumuse sin a gudder Gesellschaft sengt würdigt Ënn fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)