Och zu Useldeng gouf op Nationalfeierdag gefeiert

Anescht wéi an de Jore virdrun woren dëst Joer d'Feierlechkeeten zu Useldeng net um Virowend, mä op Nationalfeierdag selwer.

Nodeems sech d'Leit um 10.15 Auer am Millenhaff afonnt haten, goung et am Cortège fir de TE DEUM an d'Parkierch.

No der feierlecher Mass gouf dann beim Nationalmonument eng Gerbe néiergeluecht. Duerno huet sech de Buergermeeschter Pollo Bodem an enger Ried un d'Bevëlkerung gericht, ier hien zesummen mat de Schäffe Marc Hansen und Gérard Anzia d'Medaillen an d'Diplomer un verdéngten Awunner iwwerreecht huet. De Buergermeeschter selwer huet seng Auszeechnung fir seng laangjäreg politesch Tätegkeet aus den Hänn vum éischte Schäffen Marc Hansen empfaang.

Numm Éierewäin am Schlasshaff goung et dunn op de Kascht bei der Kulturzenter, wou d'Kulturkommissioun op e grousse "Grill Populär" agelueden hatt. Bei engem gudde Maufel, engem kille Patt a flotter Musek hunn déi sëlleche Gäscht aus der Gemeng de Nationalfeierdag 2012 gemittlech ausklénge gelooss. (Cy)