Am Kader vum Schoulfest vun der Veiner Schull, dat dëst Joer ënnert dem Motto „Fussball-WM 2026“ stoung, konnt e Scheck vun 1.550 Euro un d’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt iwwerreecht ginn.
Dëse flotte Montant ass duerch den engagéierten Asaz vun der ESEB-Ekipp an de Kanner vun der Veiner Schull zesummekomm. Am Laf vum Schouljoer hunn d’Kanner zesumme mat der ESEB-Ekipp virun de Vakanzen reegelméisseg verschidde kulinaresch Aktivitéiten organiséiert. Mat vill Freed a Motivatioun goufen dobäi verschidde kulinaresch Leckereien preparéiert a verkaf.
De gesammelte Betrag kënnt Kanner am Senegal zegutt. Mat dëse Sue kënne Schoulmaterial, Schoulartikelen an aner wichteg Hëllefsmëttel finanzéiert ginn, fir de Kanner do den Zougang zu enger qualitativ gudder Schoulausbildung ze erliichteren an hir Entwécklung ze ënnerstëtzen.
E grousse Merci geet un d’ESEB-Ekipp, un all d’Kanner fir hiren Asaz an un all Persounen, déi dës flott Aktioun duerch hir Ënnerstëtzung méiglech gemaach hunn.
Text: Philippe Herman Foto: Jengel Klasen