Zënter Jorzéinte feieren di Veiner Fraen a Mammen , de leetzte Mëttwoch vuam Schulljoer, en 'Fréliicht-Bildchensmass' viruan der Bildchenskapeel.
Well de Bildchenswee awer well mi laang net befuarbar ass, waren d'Alternativen an de vergaangene Jor, dat dämoligt Veréinslokal om Camping respektiv de Pavillon béim Fatima Denkmal.
Dëst Jor war sech awer jidderän äns, datt den ale Pompjeesbou, dän den Dammen vuan der Gemän zougestallt guf als neit Veréinslokal, de richtige Choix war fir ze feieren.
T'Danksagungsmass, wi de Kaplon Diego de Lima se genannt hott, hat e spezielle Flair ënnert dem Schiäd vuam Nëssert. Su war de Gästlichen och voll des Luefs fir di wichtig Missiunssuarbicht, déi de Veréin iwert d'Joren läst an et zousätzlich fierdig bringt fir e wonnerschinne Bloumentapis fir d'Härléicheprëssessiunn ze zauberen.
Béi gouder Stëmmung, äner Tas Kaffi udder em Glas Crémant an den exzellenten housmaacher Toorten honn d'Dammen e por schi Stonne verbroocht.
Als nächstes stät Een August, d'Schëffsräs op der Marie--Astrid, om Programm .
Gaby Hege