Härléicheprëssessiunn mat Bloumenteppicher, en ural Veiner Traditiunn

Härléicheprëssessiunn mat Bloumenteppicher, en ural Veiner Traditiunn


"O, mooi! Wat voor feest is dit? Mogen we een foto maken van dut bloementapijt?"


Begästert waren holleenisch Motorradfuarer vuam 'Konstwäerk', dat di Veiner Fraen a Mammen mat fuarwefrue Bléien sonndes moies op de Bueden gezaubert honn.

Och fir d'Awuaner ous dem Altersheim, déi laanst den Altor Plaz geholl honn an hire Rollstéil, war d'Fest vuan Härléichendag en wëllkommen Ofwässlung.


Grad su begästert wi di holleenisch Motorradfuarer waren di sëllichen Touristen vuam Bloumentapis vuan der Famill Gleis-Weyrich am Agank vuam Mönchkëlterhous an däm viruan der Nikloskierch, dän d'Katechese-Kanner moies fréi well geloocht honn.


Ural iwerliwert Gebréicher gä mat vill Léift vuan den traditiunnsbewosste Veiner a villen integrierten ousleenische Matbierger gefleegt.

Diämentspreechend gëtt et kän Härléicheprëssessiunn unni Stadmusik, Trinitarierchouer, Muttergottes, déi vua Veiner a portugischen Damme gedroe gëtt, Himmel mam Sakramënt, Katechesen-a Kommiunnskanner an natierlich d'Bloumenteppicher, wu de sakramentale Seegen gespent gëtt.


Opgefall béi der Prëssessiunn sënn dëst Joer net nëmmen di vill Leit, mä och déi di vill Kanner, déi sech bedäligt honn a viruam Sakramënt hir Bléie gesträt honn.


Wann och d'Bloumenteppicher direkt no der Prëssessiunn hiren Zweck erfëllt honn, bleift d'Hoffnung, datt di véier Buschtawe PACE, déi d'Fraen a Mammen iwer d'Sonn vuam Tapis geschriwen honn, ganz sier am Alldag Realitéit gän.


Gaby Heger