Une vigne en village médiéval, qui fait fructifier la mémoire!

„Kättchen, Kättchen, bréng mer nach ee Pättchen,

ee vu Veinen a soss keen.

Neen, dee schmaacht net all jonke Kadettchen,

t’ass näischt fir Monsieur Jiddereen…“


Mat dëse Versen, beglät, wi kënnt et anischt sënn, op seiner Harmonika, hott den Nico Walisch d’Invitéë vuam ‚Clubhaus op der Heed‘ a seinem Wangert begréisst, ier dorno en Visitt vuam Schloosswangert om Ousfluchsprogramm stung.


‚Veiner Béiprof‘ häscht de Cabernet blanc, dän déi ronn 15 Intressenten ze schmaache kruten. Ganzer 14 Jor sënn et här, datt den Hobbywënzer de 6,5 grussen Areal hannert seinem Hous an der Kalchesbaach an e Wéibärg ëmgewandelt hott.


Knéibreecher respektiv Dréimeenerwéin ass de Veiner Wéin am 18 Jh genannt gän. Dämools guf et, laut Katasteropsteelung, 173 Wënzer a 40 ha Wangerten. ë. a. och an der Kalchesbaach.

Bis Zungen ho behaapt, datt 3 Mann nidig waren, fir de Veiner Wéin ze drinken: Än, dän drinkt, en Zwäten, dän dem Drinker dat sauert Gesëff den Hals rof schitt an en Drëtten, dän den Drinker festheel, fir datt en net konnt entwutschen.

Kä Wonner, datt de Veiner Wéin, mat su äner Publizitéit, kän Zukunft hat.

Obwual den Dicks, dän nooch 1890 e Wënzersyndicat gegrënnt hott, de ‚junke‘ Veiner Wéin an den hicksten Téin gelueft hott, konnt de Veiner Wéibou net gerett gän, an ëm 1925 sënn di leetzt Veiner Wéinzorten verschwonnen.


Mëtt vuan den 80er Joren, hott de legendäre Vic Abens, Prësident vuan de Schloossfrënn, e por Hobby-Wënzer erlaabt fir op em klänen Areal am Schloosbärig, näs e Wangert uanzeleeën. ‚Veiner Mozrësser-Wënzerverband‘ hott de Veréin sech genannt, dä leider awer och kän Zukunft hat.


Revival awer am Fréijor 2023. Op Initiativ vuam Réimicher Wënzer Laurent Kox an, an Zesomenuarbicht mat de Veiner Schloossfrënn, guf d’Iddi gebuer d’Bild ronderëm d’Schlooss näs mi no uan dat ze réckelen, dat et fréier mol war.

Net manner wi 4 Ministeren ho sech béi der Aweihung vuam Wangert am Schloosbärig dovuaner iwerzäe geloss, datt de Wéibou och uan der Our miiglich ass. Béi der Wéiprouf am Schloosskeeler guf hinne sier klor datt, de fréier ‚gewöhnungsbedürftige‘ Veiner Wéin, heit duerchous ze drinken ass.


Wann d’Récolte 2026 leider net déck war, su konnten 2025 awer ëmmerhin 80 Fläsche Veiner ‚Dréimeenerwéin‘ agefëllt gän dän, opgrond vuan seiner ‚Raritéit‘, wi kënnt et anischt sënn, nëmme béi besonnische Gëleeënhäten zerviert udder offriert gëtt.


Fakt ass: Als änzige Schieferstanduert ass de Veiner Terroir en weider Beréicherung fir d‘Wéiproduktiunn.


Gaby Heger