Generéis Spenden zugonste vuan der Restorierung vuan der Bildchenskapeel

Generéis Spenden zugonste vuan der Restorierung vuan der Bildchenskapeel


Veinen ass zwar nëmmen e kläne Wallfartsuert, mä dofir ass awer d'Bildchenskapeel däne Veiner Leit uan d'Häerz gewooss.

D'Legend vuam Veiner Bildchen, en klä Statu ous Lannenholz, déi net wollt fortgeholl gä vuan där Plaz wu se am Bildchensbësch font guf, erënnert uan d'Geschicht vuan der Tristerin am Läd, déi och ëmmer rëm de Wee op hire Fontuert am Jor 1624 zréckfont hott.

Nom 30-järige Kréich an de Welle vuan der Pest, war d'Nostalgie no spiritueller Stäerkung gruss béi der Veiner Populatiunn. D'Zual vuan der Pilger op de Bonzelbäerg, wu d'Gnodebild an ëm Fiels opgestallt war, hott däermoossen zougeholl, datt Mëtt vuam 19. Jorhonnert d'Dezisiunn getrof guf, fir en klän, äschëffig Muttergotteskapeel, hi iwer dem Ourdall, opzeriichten.

D'Kapeel, e fréit Beispill vuan neigotischer Sakralbouarchitektur zu Lëtzebuerg, guf vuam Veiner Architekt a spiddere Staatsarchitekt Charles Arendt geplangt. Obschunns d'Muttergottesstatu well am Jor 1850 hir fest Plaz an der Kapeel font hott, hott sech de Bou, dä grisstendäls duerch Spenden finanziert guf, iwer Jorzéinten higezuegen.

No 1883 guf d'Kapeelchen kompletiert a fierdig gestalt mat de Wandmolereien vuam Charles Arendt. Nodäms d'Molereie vuan den Dekoratiunnsmoler Hamper an den 1920er Joren komplett verluer gung, gëtt se duerch en nei Ousmolung vuam Veiner Kierchemoler Carl Wilhelmy iwermoolt. An den 1970er Joren hott de boufälligen Daachreider ous Stä missen erneiert gän.

Zënter Jore béit d'Kapeelchen en desolat Bild, mam Ofbréckele vuam Botz vuan der Fassad. Nët nëmmen de Schieferdaach hott ënner der Awierkung vua Stuerm a Reen geliden.


Nodäms viruan e por Jor, den historische Boubestand vuan der Kapeel an d'Polychromie, op Opdrag vuam Lëtzebuerger Denkmalschutzamt erfaasst gufen, soll de kläne Kierchebou komplett boussen a bannen restoriert gän. Dofir gän awer finanziell Mëttele gebroucht.


D'Asbl 'Fir d'Restoratiunn vuam Veiner Bildchen' hott sech zum Zil gesat, all Mëttel a Beweegung ze seezen a grad wi hir Virfaren viruan 200 Jor, Spenden ze sammelen fir d'Bildchenskapeel, déi zënter ronn 10 Jor klassiert ass, viruam Verfall an dem Vergässen ze retten.


E grusse Merci gät dofir uan all di generéis Spender, siäf et Veréiner, siäf et Privatleit, siäf et Familjememberen, déi béi Gëleeënhät vuam Dudd vuan hirem Léifsten, udder béi äner Familjefeier, udder wi kierzlich béi Gebuertsdagsfeieren hiren Invitéën nogeloocht honn, en Don fir d'Veiner Bildchen ze maachen.


E GRUSSE MERCI DOFIR uan d'Soeurs Arendt (80.Gebuertsdag), Pia Scheidweiler(70. Gebuertsdag) a kierzlich d'Mme Hélène Schmit-Clees (90. Gebuertsdag), wu zesome ronn 8.000 Euros gespent gufen.


Gaby Heger