"Jede Jeck is anders"
soen së uam Rhéin.
Trotz gemeinsamen Ëlementen, gëtt et béi der Fuasicht verschiden Aflëss.
Bal an all Uertschaft hei am Land, ginn d'Kanner häschen. D'Léider, déi se sangen, variieren awer vuan Uertschaft zu Uertschaft.
Zu Veinen häscht et z.Bsp:
"Hei kommen di Veiner Jungen, si häsche Biren a Bunnen" respektiv d'Meederchen sangen "Hei kommen di Veiner Meedercher, si häsche Biren a Breedercher" ...
"Biren a Bunnen/Breedercher ass gout Speis. D'Geeken an Nore gän net weis. De Pitrus ass en heilje Mann, dän den Himmel schléisse kann. Seez di Läder uan di Wand! Holl dat Mässer an di Hand! Schneid en décke fette Gréif erof, bis de Kueref voll ass! Den Owend, wa mer ässen, da wäerde mer ärer net vergässen. D'Kaz hott de Speek gefräss. D'Mous hott d'Miäl gefräss. Dat waren zwu aler Hexe gewäst."
Natierlich gëtt de leetzte Saz besonnisch betount.
Hott sech fréier d'Léierpersonal ëm d'Organisatiunn gekëmmert, su ass dat heitesdaags grisstendäls den Ëlteren udder Grussëlteren iwerloss.
D'Cité Scheierhof hott di gruss Chance, net nëmmen datt vill junk Koppelen mat Kanner do wuanen, mä och datt en Rëtsch Ur-Veiner d'Léider nooch ous dem FF keenen a su d'Traditiunn uan di junk Generatiunn weiderläden.
Obwual dat Veiner 'Häscheléid' zimlich laang an dobéi och nooch schwier ze verstoen ass, honn d'Kanner et perfekt virgedroen a gufen och réichlich belunnt mat Séissigkäten a Suen.
Gaby Heger