Chrëschtmaart 2017 zu Viichten

24
Nov
2017
24 Nov 26 Nov


De Gemengerot an d’ Commission mixte invitéieren op hire Chrëschtmaart 2017 an der Sportshal zu Viichten. Et stellen aus: Kolwelter Maryse- Bijouen, Glodt Danielle- Gestréckte Kannersaachen, Corine Claude- Amigurumi, Boutique Tiers Monde Ettelbréck- Dekoratioun, Joly & Vivi Martin- Biller a Chrëschtdeko, Lis Leider – (parc merveilleux Bettembourg)- Adventskränz an Deko, Eric Heimermann- Toile Biller & Kalenner a Kaarten, Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn-Publikatiounen an Dekoartikel. De Vernissage ass Freides, den 24. November um 19.30 Auer an d’Ausstellung ass op, Sonndes, den 26. November vun 9 bis 18 Auer. Géint 14.30 Auer Besuch vum Kleeschen.