Flott Parade beim Kantonalfest vun den Pompjeeën aus dem Kanton Réiden

Um Samschden, 30. Juni 2012, wor zu Viichten dat grousst Kantonalfest vun den Pompjeeën aus dem Kanton Réiden.

Insgesamt 17 Wieren aus 9 Gemengen woren mat enger grousser Unzuel Leit an enger ganzer Rëtsch Gefierer - vum klenge Kommandowohn bis zum schwéieren Löschttankwohn - dobäi vertrueden.

Nodeems d'Fändele presentéiert, d'Parade ofgeholl, a verschidde Auszeechnungen iwwerreecht woren, goung den Dag bei engem gemittleche Patt op en Enn.

Méi doriwwer liest Dir demnächst an Ärem "Wort". (Cy)