Gemeng éiert hir Matbierger mat besonnëschem Jubiläum


Viichten: An der Gemeng Viichten ass et schon säit Joeren wärend der Adventszäit di schéin Traditioun all Matbierger ze éieren, di am Laaf vum Joer 2022, e besonnëscht Jubiläum feieren dierften. Am Kader vun enger klenger Feierstonn, ass de Buergermeeschter Luc Recken op dat arbechtsreicht Liewen vun de Jubilaren agaangen, di souwuel a gudden wi och a schwéieren Zäiten vill derzou bäigedroen hun, dat mir haut am Wuelstand eist Liewen könne genéissen. Och déijenig, déi schon engt halleft Joerhonnert mateneen hirt Liewen gedeelt hun an och zesummen vill Momenter an dene 50 Joer Zesummesin mat erliewt hun, gëlt haut Respekt an Unerkennung. No senge Gléckwënsch si folgend Jubilaren mat engem schéinen Blummebouquet geéiert gin. Fir 80 Joer waren dat: Margot Eugénie Poulles- Maillet, Francine Schmit- Brücher, Vladislav François Priplata, Triny Mathgen-Pletschette an Elise Catherine Decker- Schammo. Folgend Senioren déi nit konnten bei deser Feier derbéi sin, ass och gratuléiert gin: Manuel Ramos Cardo (85), Marie- Thérèse Wohl (90) an Suzanne Reuter (95). Zu hirer gëllen Hochzäit waren dat: Antoine Jacoby an Monique Dabé; Jean- Pierre May an Milly Merres. Gratulatiounen fir folgend gëllen Ehepartner déi nit präsent konnte sin, waren: Henri Bissen an Mathilde Girst; Nic. Braun an Josée Kirsch; René Junk an Marie Molitor; Albert Leider an Margot Arendt; Jean Mergen an Monika Decrock souwi Joseph Oesch an Marie Nicole Buchholtz. Zesummen ass d^Glas erhuewe gin, an op weider schéin a gesond Joeren ugestouss gin. (CR) Foto: Charles Reiser)