Déieren aussetzen ... Drecksäck !!!!!!!!!!!!!!


E Freideg ware mir vum Privaten Déiereschutz matten an de Grengewald geruf gin wäll eng schwaarz Kaz do getierkelt as, um Punkt fir ze stiërwen.
Wäll se schon esou schlecht dru war krute mer se mam Netz gefaang. Wéi ech d'Hand drenner gehal hun fir se ze steipen huet se direkt ugeschwat .... eng hemmlech Kaz.

Um Dësch an der Déiereklinik huet se sech widder mech gedreckt an ugefaang ze tretelen. 't war ee jonken, kastréierte Kueder, superheemlech.

En huet missen ageschléifert gin wäll en ERHENGERT war an net méi ze retten.

Dat as eent vun de Beispiller wat mir déi läscht Wochen haten, awer dat schlëmmst dovun.

Esou Drecksäck sin hoffentlech op enger Plaz an der Vakanz wou se Gefor lafen entféiert ze gin ....
Et soll ee kengem eppes schlechtes wenschen, an awer......