Alles Gutts fir d'Pensioun

Den 30. Dezember 2018 huet den Antoine Hilt no zéng Joer Restopolis verlooss fir zesumme mat senger Fra seng Pensioun ze genéissen. Mat de Kolleegen vum Restauratiounsservice vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend huet den Tun d’läscht Woch bei engem Iessen um eduPôle zu Walfer op déi läscht zéng Joer zréck gekuckt. D’Madame Monique Ludovicy, Responsabel vu Restopolis-Service, huet him Merci gesot fir déi gutt Aarbecht déi hie fir de Service gemaach huet. D’Restopolis-Equipe wënscht him alles Gutts fir d’Pensioun.