Restopolis wënscht dem Charles Kriesten alles Gutts fir seng Pensioun

Den 31. Mäerz 2023 huet d ‘Administratioun vu Restopolis mat hirem laangjärege Mataarbechter Charles Kriesten bei engem gudden Iessen op dem eduPôle zu Walfer op seng Pensioun ugestouss. De Charles, dee wärend laange Jore selwer ee Restaurant geleet hat, ass den 1. Oktober 2012 bei de Service vun der Schoul- an Unirestauratioun vun dem Educatiounsministère komm, wou hien ënnert anerem an de Beräicher vun der Gestioun vun der Konstruktioun an Transformatioun vun de Restauranten, der Assurance Qualité an der Gestioun vun de Menüer aktiv war. D’Madame Monique Ludovicy, Responsabel vu Restopolis, behält de Charles Kriesten als engagéierten an hëllefsbereete Mataarbechter an Erënnerung. Hie war een Allrounder, deen all seng Missioune gutt a gewëssenhaft erfëllt huet a sech dacks d’Bee wond gelaf huet, well hie sech fir näischt ze schued war. Déi ganz Equipe vu Restopolis wënscht dem Charles Kriesten nëmmen dat Allerbescht fir seng Pensioun.