Mir wënschen Dir alles Guddes fir deng Pensioun

Fofzéng an en hallef Joer huet d’Christiane Nosbusch sech ëm d’Finanze vu Restopolis, dem Restauratiounsservice vun dem Éducatiounsministère gekëmmert. Virun e puer Deeg ass d’Christiane an d’Pensioun gaangen an huet all sengen Aarbechtskollegen op dem eduPôle zu Walfer Äddi gesot. D’Madame Monique Ludovicy, Responsabel vu Restopolis, huet dem Christiane Nosbusch Merci gesot fir déi gutt Aarbecht an him alles Guddes fir deen Abschnitt vun dem Liewe gewënscht, dee lo fir hatt ufänkt. Alleguerten d ‘Mataarbechter vu Restopolis schléisse sech deene Wënsch un.