Caeciliefeier zu Walter

Den 22. November huet d'Chorale Sainte-Cécile Walfer d'Fest vu senger Patréinesch, der Helleger Caecilia, gefeiert. Emmer dewr Direktioun vum Elisabeth Schmit, a begleet un der Uergel vum Roger Goodwyn, huet d'Chorale d'"Missa festiva" vum Lorenz Maierhofer virgedroen. No der Mass goufen d'Elizabeth Boever fir 10 Joer als aktiv Sängerin mat der Bronze Medail an d'Martine Kneip fir 20 Joer mat der sëlwer Medail vum Piusverband ausgezeechent. De Präsident Jos Turmes krut fir 50 Joer als aktive Sänger (dovun 29 Joer zu Walfer) d'gëlle Plaquette vum Piusverband iwwerreecht. Den Aumônier vun der Chorale, de Weihbëschof Leo Wagener, huet d'Verdéngschter vun de Geéierten ervirgehuewen, an alle Sängerinnen an Sänger Merci gesot fir hiren Asaz am Déngscht vun der chreschtlecher Gemeinschaft zu Walfer. De Leo Wagener sot et géifen net méi vill Poren am Land gin wou all Sonndeg, an och an der Woch, bei Begriefnisser zum Beispill, eng Chorale fir de musikaleschen Encadrement vun der Mass suergt. De Präsident huet drun erënnert, dass d'Chorale Walfer dëst Joser 170 Joer laang besteet, an hien huet en Appell gemaach un all interesséiert Leit, sech als aktive Member an der Chorale z'engagéieren, fir di laang Traditioun vum Kierchechouer weider ze féieren. E besonneschen Ament war dunn d'Eierung vun der Dirigentin, der Elisabeth Schmit, déi zënter 30 Joer d'Geschécker vun der Chorale leet. Fir dësen Anniversaire ze feieren krut d'Elisabeth Schmit Blummen iwwerreecht an hiren Asaz ass mat vill Applaus geéiert gin.

D'Feier, bei där och un all verstuerwe Memberen vun der Chorale erënnert gouf, huet hiren Ofschloss bei engem gemittlechen Zesummesinn am Porzenter fonnt, wou d'Dirigentin och nach e Kaddo iwwerreecht krut, deen si un hir 30 Joer als Dirigentin zu Walfer erënnere soll.