Concert Cabaret an der Maison de Soins Op Lamp Waasserbëlleg

E Sonndeg, den 19. Abrëll huet d'Amicale op Lamp d'Bewunner vum Flegeheem an hir Familljememberen op e Concert Cabaret mam Fernand Poos invitéiert. Begleet gouf hien um Piano vum Viviane Schmidt. Mat sengem witzege Repertoire huet hien d'Nolauschterer begeeschtert. Teschent de Witzer vum Fernand Poos huet d'Viviane Schmidt wonnerschéin Melodie wéi "Ballade pour Adeline", "Sierra Madre", "La mer" oder "Plaisir d'Amour" gespillt. Och eng Rei Lidder, bei denen d'Nolauschterer konnte matsangen, wéi "d'Kadette vun der Sprëtz", "Meng Freiesch", "d'Lidd vum Thewesbuer" oder "d'Hechtercher aus der Stad" si virgedroe gin.