Generalversammlung vun der Amicale „op Lamp“ am Fleegeheem

Generalversammlung vun der Amicale „op Lamp“ de 17. Mäerz 2015 am Festsall vum Fleegeheem. Den Här Oth, eise President, begréisst ganz häerzlech all d’Leit, ënnert hinnen d’Éieregäscht: vun der „Maison de Soins op Lamp“, d’Madame Maas an den Här Billen; den Éierepresident den Här Ludwig; vun der Gemeng den Här Alain Scheid, den Här Armand Jaminet an den Här Jérôme Laurent; vun der ANAMRES den Här Jeannot Clement. Entschëllegt ass den Här Paschtouer Roger Geimer.
Am Joer 2014 goufen 10 Concerten organiséiert an eng Chrëschtfeier. Ausserdeem huet d’Amicale d’Onkäschten iwwerholl fir d’Bussen fir an d’Oktav, op d’Sprangprëssessioun, an d’Grotte de Han, de Beetebuerger Park an aner Ausflich. D’Amicale huet d’Onkäschten iwwerholl vun der traditioneller Faart op der Marie-Astrid, d’Participatioun vun de Bewunner an dem Personal an d’Gage fir den Här Romain Thielen, dee während der Faart fir Animatioun gesuergt huet.
Iwwert d’Joer kritt all Bewunner fir de Gebuertsdag e Bouquet Blumme geschenkt.
Bei der Chrëschtfeier krut all Bewunner e klenge perséinleche Kaddo iwwerreecht, an als grousse Kaddo hu mir dem Haus eng nei Soundanlag iwwerginn, am Wäert vun 7.400 Euro.
D’Mariette Merges leet en detailléierten Keessebericht fir. Trotz deene ville finanziellen Ausgaben ass d’Finanzlag vun der Amicale gesond a mir hoffen, dass mer weiderhin de Bewunner villfälteg Aktivitéiten ubidde kënnen.
De Schäffen Alain Scheid ergräift d’Wuert a félicitéiert am Numm vum Gemengerot der Amicale fir hiren Asaz am Déngscht vun de Bewunner, a wënscht weiderhin gutt Schaffen. Och hien huet betount, dass et haut net méi vill Leit ginn déi sech, wéi mir, benevol engagéieren.
De Comité setzt sech zesummen aus:
De President: Serge Oth
De Vice-President: François Warnier
D’Sekretärin: Astrid Lagoda
D’Keessiere: Mariette Merges
D’Memberen:
Sandra Bettendorff, Jörg Bidinger, Marie-Paule Kimmen, Anita Scholer, Desti Siegler, Jeanny Spang, Pia Thill, Marie-Louise Warnier.
Als Éierepresident: den Aloyse Ludwig